|
De leschte Weekend hun eis CSN-Athleten erëm formidabel Resultater realiséiert.
E Samsten 28.3. huet de Pascal JODOCY den 16 km Trail zu Huelmes an enger Zait vun 1:13:11 gewonnen . BRAVO Pascal !
Op dem 25 km Trail ass den Norbert HAHN op der gudder 21. Plaz an 2:14:08 eragelaf.
Sonndes hate mer zu Diddeleng beim 10 km Stadlaf mam Claudine WEICHERDING erëm eng Podiumsplaz bei den Dammen.
Mat enger Zait vun 41:18 koum d'Claudine op di 3. Plaz. BRAVO Claudine !
D'Myriam REULAND ass mat enger Zait vun 44:08 och eng ganz gudd Course gelaf.
De Roland WAGNER ass als 40. an enger Zait vun 39:34 eragelaf.
-> All Resultater vun eisen Athleten fannt Dir ennert der Rubrik "Resultater"
Last Updated ( Monday, 06 April 2009 18:59 )
|