|
Samsdes, den 13. Dezember 2008 Rendez-vous: 13.15 Auer op der Cliärrwer Gare Dräi Strecken stin zur Auswiel: 1. 10 km Kautebaach - Welwerwoltz 2. 13 km Kautebaach - Drauffelt 3. 21 km Kautebaach - Cliärref
Vu Cliärref aus fuere mir mat Autoen op déi respektiv Garen an huelen do den Zuch fir op Kautebaach. Vu Kautebaach aus lafe mir iwwer Beschweeer zréck Richtung Cliärref. Déi ganz Haart lafen bis Cliärref, déi manner Tränéiert bis op Drauffelt oder Welwerwoltz. No enger waarmer Dusch an der Sportshal zu Reiler treffe mir eis dann géint 17.00 Auer am Restaurant Reiff zu Feschbech. D'Keelebunn ass reservéiert bis 20.00 Auer. Duerno loosse mir d'Lafsaison bei engem gemittlechen Iessen auskléngen. Weider Informatiounen an Umeldung um Telefon 920762, bis spéitstens den 6. Dezember.
Last Updated ( Tuesday, 17 February 2009 14:22 )
|