Annulatioun 3-Länner-Trail 2020

Léif Sportler, Fräiwëlleger, Partner an Spectateuren,

Mat dësem Schreiwes wëllen mir Iech matdeelen dat dëst Joer, den 20. Dezember keen 3-Länner-Trail wäert stattfannen.

No den Recommandatiounen vun der Regierung an och no deenen neisten Chifferen vun Neiinfektiounen, wäert et eiser Meenung ganz schwéier sinn, d‘Sécherheet an Gesondheet vun den Athleten, Spectateuren an Fräiwëllegen ze garantéieren.

Dofir huet den Organisatiounscomité vum CSN Clervaux asbl decidéiert, dëst Joer den Trail ze annuléieren.

Mir freeën eis awer elo well op déi 11. Editioun vum 3-Länner-Trail, déi dann den 19. Dezember 2021 stattfënnt.

Bléift gesond an mat sportlechen Gréiss,

Den Comité vum CSN Clervaux asbl

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter News veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.