Affiche_Cliärrwer_Loof_2021 (1).jpg
20210610_161638.jpg
20210617_172544 (1).jpg
20210617_172426.jpg

Opgepasst: Dëst ass 2021 eng Trailstreck duerch Cliärref an Ëmgéigend !

Du hues vum 3. bis den 31. Juli Zäit Parcouren mat der Beschëlderung CL2 (6km) oder den CL5 (12km) ofzelafen/trëppelen an eis eng witzeg Foto mat dir um Parcour eranzeschécken op den info@csn.lu

Och kanns du eis een Screenshot vun dengem Tour op Strava, Garmin, Polar asw. materanschécken

Bedeelegung ass gratis an Resultater wäert ët keng ginn!

Startpunkt:

  • Place du marché L-9712 zu Cliärref Richtung Kierch lafen/lafen. Dohannert fannt dir Panneauen CL2 an CL5, déi ech dann den ganzen Parcours guidéieren wäerten.

3 x 50€ Iessbongen an der Gemeng Cliärref ginn ënnert den Participanten nom 31. Juli ausgeloust.

All Leefer/Wanderer kann nëmmen emol eis eng Mail eranschécken fir matzemaachen.

 

Andeems Dir eis är Fotoen, ären Numm, Virnumm an Emailadress schéckt, sidd Dir domat averstanen dës an den sozialen Medien ze publizéieren!

Fotoen wäerten zäitno op den Facebooksite vum CSN Clervaux an an der Veranstaltung vum Cliärrwer Loof 2021 publizéiert ginn.

 

Mir recommandéieren Parcoursen erofzelueden, wou dir dann bequem guidéiert gëtt:

  1. App Komoot eroflueden

  2. Profil Visit Clervaux sichen Ϙ

  3. Elo huet dir Accès op all Wanderweeër (+CL2 an CL5) vun der Gemeng Cliärref

Mir wënschen Iech ganz vill Spaass beim Lafen/Wanderen ;-)