top of page

Duathlon Championnat zu Jonglënster

Aktualisiert: 5. Feb. 2021

Den 18. Oktober war d'Duathlon Championnat zu Jonglënster organiséiert vun Karibu. Mir haten insgesamt 12 Athleten um Start!


Um Programm stoungen 10km Lafen, 40km Vëlo an zum Ofschloss nach eng kéier 5km Lafen an dëst bei Hierscht Wieder wéi aus dem Billerbuch. Niwwel an gutt kal.


De Wouter Claes ass no 2:19:39 (29/87 - 4. M35 - 1. M35) kuerz virum Feller André (31/87 - 7. M30) ragelaf. Eng weider excellent Performance huet de @Norbert Hahn bruecht, deen no 2:31:18 (57/87 - 4. M55 - 3. M55) de Fouss iwwert d'Ziellinn gesaat huet. Den Ldo Da Mota ass mat gudden 2:51:14 (79/87 - 11. M40) ukomm an de Florian Waserman huet et mat 3:09:25 (86/87 - 15. M25) gepackt.

Nieft den Eenzelstarter haten mir zwou Staffelen um Start wou et eng op de Podium gepackt huet . (Guy Majerus, Alex Kies, Tom Engel). Eis Mixt Staffel huet et op déi wonnerbar 4. Platz gepackt! (Malchair Julien, Carmen Coljon, Vicky Armstrong)

Gratulatioun un jiddereen an een groussen Merci un eisen Trainer de Ronny Boultgen fir d'Motivéieren nieft der Streck!




46 Ansichten0 Kommentare
bottom of page